Mail – a wat ass dat dann elo schonn erëm?
Majo, wéi’s de sécherlech elo schonn richteg geroden hues, ass dat en Service vun TUX.lu fir all seng Memberen déi drun interesséiert sinn. Mail beinhaltet folgend Saachen:
- Du kriss ee Mailaccount ënnert der Form “däin_Numm@tux.lu”.
- Deng Mailen kanns de bequeem via POP oder IMAP Accès eroflueden.
- Du kanns deng Mailen och direkt via SMTP verschécken.
- Bass du emol sossanzwousch, kanns de deng Mailen via en Webinterface liese goen.
- Du kanns och astellen dat deng Mailen automatesch op eng oder mäi Forwardadressen weiderverschéckt ginn.
- All Mailen déi erakommen, ginn op SPAM an op VIREN ennersicht an Noutfalls guer net duerchgeloos.
Fir elo esou eng Email-Adress @tux.lu ze kréien, muss de mer einfach eng Umeldungsmail schécken wou’s de mer däin Numm, deng Adress, Telefonsnummer an däin “däin_Numm” dra schreifs schécken. Esoubal’s du dann däi Membersbetrag bezuelt hues (dat reegele mir iwwert Mail), kriss du deng Zougansdaten geschéckt.