Mail

Mail – a wat ass dat dann elo schonn erëm?

Majo, wéi’s de sécherlech elo schonn richteg geroden hues, ass dat en Service vun Pfeil :: Yellow TUX.lu fir all seng Memberen déi drun interesséiert sinn. Mail beinhaltet folgend Saachen:

  • Du kriss ee Mailaccount ënnert der Form “däin_Numm@tux.lu”.
  • Deng Mailen kanns de bequeem via POP oder IMAP Accès eroflueden.
  • Du kanns deng Mailen och direkt via SMTP verschécken.
  • Bass du emol sossanzwousch, kanns de deng Mailen via en Webinterface liese goen.
  • Du kanns och astellen dat deng Mailen automatesch op eng oder mäi Forwardadressen weiderverschéckt ginn.
  • All Mailen déi erakommen, ginn op SPAM an op VIREN ennersicht an Noutfalls guer net duerchgeloos.

Fir elo esou eng Email-Adress @tux.lu ze kréien, muss de mer einfach eng Pfeil :: Yellow Umeldungsmail schécken wou’s de mer däin Numm, deng Adress, Telefonsnummer an däin “däin_Numm” dra schreifs schécken. Esoubal’s du dann däi Membersbetrag bezuelt hues (dat reegele mir iwwert Mail), kriss du deng Zougansdaten geschéckt.